Donneschdes, 9. September 2010 | 05:08:19 | Eegen Linken speicheren | Schrëft: kléng mëttel grouss | Linken an der aktueller Fënster | Meng Linken: aus | Messagen: un | reset

Wëlkom op start.lu

Hérzlëch Wëlkom op start.lu, der eenzeger echter Alternativ zur langweileger Google-Startsäit. Niewt der Google-Sich dei hei agebaut as, fannt dir och Neiegkéeten, d'Wieder, den Sport, eng exklusiv Auswiel vun nationalen an internationalen Säiten, an Villes méi !

Seit Oktober/November 2006 glänzt start.lu an sénger mëttlerweil 3.Versioun. Et gët emmer mei komplett, méi iwwersiichtlech an méi praktesch fier Iech. Wann Dir awer eng Idee hudd, wei et nach kinnt besser gin, sou schreiwt mir dat w.e.g.

Impressum / Kontakt

Responsabel fier dës Säit as :

Pierre Di Marco
L-8538 Hovelange
Lëtzebuerg


Kontakt: mail (at) start (punkt) lu

Aaner Säiten vum sélweschten Auteur:
Aaner interessant Säiten:
  • pier.lu - Meng privat Säit, wou et allerdings am Moment nach nëmmen em meng Internetsäiten geht
  • Iane Art - Konscht vun enger villverspriechender, jonker Könschtlerin

Haftung / Extern Linken

All dei hei verlinkten Websäiten an Neiegkéeten gin strengstens vun mir kontrolléiert, virundeems se op start.lu kommen. Ech kann awer leider net verhënneren, dass den Inhalt vun deenen Säit sech konstant ännert an dass dodurch problematëschen Inhalt vun start.lu aus verlinkt kinnt sin. Ech probéieren daat esou schnell wei méiglech ze ënnerbannen, wann et mir sélwer opfällt. Ech gif och Iech biéden mir Bescheed ze soën, wann dir ustéissechen Inhalt op hei verlinkten Säiten fannt. Merci.

Aus där Ursaach distanzéieren ech mech offiziell vum Inhalt vun den hei verlinkten Säiten.

Datenschutz & Privatsphäre

All Zougrëff op start.lu gët vun LuxStats automatësch matgeziëlt, allerdings ouni Iech perséinlech identifizéieren ze können. Wann dir "Eegen Linken an/oder Favoriten benotzt, dann sétzen mir bei iech een Cookie fier iech beim nächsten Besuch remzeerkennen. An deem Cookie steht just eng laang Zeechketten, dei kéng weider Donnéen iwwert iech enthält. (Ären Cookie as momentan : c2114116a819f4c19120f8ca9d4e0696)

D'Benotzung vun den Linken gët och matgeziëlt, awer ganz anonym (just een Zähler bei all Link, deen bei engem Zougrëff inkrementéiert gët). Dëst as néideg fier ze wëssen welch Linken iech wirklech interesséieren.

Linkpartner

Et gin kéng eenzel Linkpartner mei ugewisen. Verlinkt méng Säit w.e.g., wann se Iech gefällt. Ech maachen daat och esou mat deenen Säiten hei um Site.

Wei stéllen ech meng Startsäit am Internet Explorer an ?

Options wiëlen

Wielt enner "Tools" ("Outils") den Menüpunkt "Internet Options" aus.

Startsäit astéllen

Droot an där Këscht hei um Bild "http://www.start.lu/" an. Wann dir nach aaner Säit automatesch bei all Start vum Internet Explorer opmaachen wëllt, kënnt dir dei Säiten och hei jeweils an eng nei Zeil schreiwen.
Bestätegt mat "Ok".

Wei stéllen ech meng Startsäit am Firefox an ?

Options wiëlen

Wielt enner "Tools" ("Outils") den Menüpunkt "Options" aus.

Startsäit astéllen

Droot an där Këscht hei um Bild "http://www.start.lu/" an.
Bestätegt mat "Ok".

Waat as START.LU

START.LU as eng Startsäit fier Lëtzebuerger, dei bessi mei wëllen wei dei plaakesch Google-Säit. Dir fannt hei alleguerten d'Linken, dei een esou beim normalen Surfen brauch. Wann dann awer emol een (fier Iech) wichtegen Link fehlt, könnt Dir deen enner "Eegen Linken" dobeisetzen.
Mais START.LU sin net nëmmen Linken. Neiegkéeten, eng praktesch Websich, Wieder, etc. suergen dofier, dass dir ganz oft start.lu emol guer net braucht ze verloossen.

Eegen Linken

D'Eegen Linken erlaaben Iech Är perséinlesch Lieblingssäiten an är eegen Startsäit ze intégréieren.

Wei sétzen ech een Link dobäi ?

Dier fannt op all régulärer Säit vun START.LU uewen iwwert den eigentlechen Linken een Abschnitt "Eegen Linken", wou um Schluss een Link ("Séit een Link bei") steht. Klickt op dësen Link, fëllt d'Internetadresse an den Numm vun Ärer Säit an an dréckt duerno op "Ok". Ären Link as elo op ärer Startsäit intégréiert.

Wei kann ech meng "Eegen Linken" op een 2. Computer iwwerdroen ?

Ënnen op all Säit steht een Link an Form vun http://www.start.lu/?linksid=XXXXXXXXXXXXXXXXX. Kopéiert Iech dësen Link an eng Mail an schéckt Iech en op d'Aarbeschtsplaatz oder maacht en einfach soss op all Computer op, wou dir dei selwescht Eegen Linken am START.LU wëllt benotzen.

Méng Linken sin fort, waat kann ech maachen ?

Am Moment gët et leider keng Méiglechkeet fier d'Eegen Linken ze retten, wann Dir Iech net deen perséinlechen Link (ënnen bei "Bookmark") verhaalen hud. D'Éegen Linken verschwannen zum Beispill dann, wann Dir Är Cookien löscht.

Favoriten

Favoriten bidden Iech d'Méiglechkeet fier dei Linken, dei Dir am Meeschten benotzt uewen bei den "Eegen Linken" ze fixéieren. Vierdeel : Dir hudd se emmer grëffbereet, egal an wei enger Kategorie Dir grad sid an dir braucht net mei erofzescrollen an den Link ze sichen. Riets niewent all régulärem Link as een Icon an Form vun engem Haus, mat deem Dir könnt esou een Favorit bestëmmen.

Weider Personalséierung

Bei all Katégorie vun Linken an bei all Noriichten as an der Titelzeil een rout Kräiz, mat deem dir kënnt dei Kategorie/Neiegkéeten verstoppen fier een besseren Iwwerbléck iwwert den Rescht ze kreien. Verstoppten Kategorien/Neiegkeeten fannt dir emmer nach ganz ennen an der selweschter Kolonne. Do könnt Dir se och rem siichtbar maachen.