- Méindes, 4. Dezember 2023
- 06:38:58
Wëlkom op start.lu
Häerzlech Wëllkomm op start.lu, der eenzeger echter Alternativ zur langweileger Google-Startsäit. Nieft der Google-Sich déi hei agebaut ass fannt dir och Neiegkeeten, d'Wieder an eng exklusiv Auswiel vun nationalen an internationalen Linken.
Säit Dezember 2013 glänzt start.lu an senger mëttlerweil 4.Versioun. Et gëtt ëmmer méi komplett, méi iwwersiichtlech an méi praktesch fir Iech. Wann Dir awer eng Iddi hutt, wei et nach kinnt besser ginn, sou schreiwe mir dat w.e.g.
Impressum / Kontakt
Pierre Di Marco
L-8538 Hovelange
Lëtzebuerg
Kontakt: mail (at) start (punkt) lu
Aner interessant Säiten:
UnitJuggler - Eenheeten einfach emrëchnen
Iane Art - Konscht vun enger villverspriechender, jonker Könschtlerin
Haftung / Extern Linken
All déi hei verlinkten Websäiten an Neiegkeeten ginn strengstens vun mir kontrolléiert, virun deem se op start.lu kommen. Ech kann awer leider net verhënneren, dass den Inhalt vun deenen Säit sech konstant ännert an dass doduerch problemateschen Inhalt vun start.lu aus verlinkt kinnt sin. Ech probéieren dat esou schnell wei méiglech ze ënnerbannen, wann et mir selwer opfält. Ech géif och Iech bieden mir Bescheed ze soen, wann dir ustéisslechen Inhalt op hei verlinkten Säiten fannt. Merci.
Aus där Ursaach distanzéieren ech mech offiziell vum Inhalt vun den hei verlinkten Säiten.
Linkpartner
Wei stellen ech meng Startsäit am Internet Explorer an ?

Wielt ënner "Tools" ("Outils") den Menüpunkt "Internet Options" aus.

Drot an där Këscht hei um Bild "http://www.start.lu/" an. Wann dir nach aner Säit automatesch bei all Start vum Internet Explorer opmaachen wëllt, kënnt dir déi Säiten och hei jeeweils an eng nei Zeil schreiwen.
Bestätegt mat "Ok".
Wei stéllen ech meng Startsäit am Firefox an ?

Wielt ënner "Tools" ("Outils") den Menüpunkt "Options" aus.

Drot an där Këscht hei um Bild "http://www.start.lu/" an.
Bestätegt mat "Ok".
Waat as START.LU
START.LU ass eng Startsäit fir Lëtzebuerger, déi bëssi méi wëllen wei déi plakesch Google-Säit. Dir fannt hei alleguerten d'Linken, déi een esou beim normalen Surfen brauch. Wann dann awer emol een (fir Iech) wichtegen Link fehlt, kënnt Dir deen ënner "Eegen Linken" dobäisetzen.
Mais START.LU sinn net nëmmen Linken. Neiegkeeten, eng praktesch Websich, Wieder, etc. suergen dofir, dass dir ganz oft start.lu emol guer net braucht ze verloossen.
Eegen Linken
D'Eegen Linken erlaaben Iech Är perséinlech Lieblingssäiten an är Startsäit ze intégréieren.
Dier fannt op all régulärer Säit vun START.LU uewen iwwert den eigentlechen Linken een Abschnitt "Eegen Linken", wou um Schluss een Link ("Sétz een Link bei") steht. Klickt op dësen Link, fëllt d'Internetadresse an den Numm vun Ärer Säit an an dréckt duerno op "Ok". Ären Link as elo op ärer Startsäit intégréiert.
Wei kann ech meng "Eegen Linken" op een 2. Computer iwwerdroen ?Ënnen op all Säit steht een Link an Form vun http://www.start.lu/?linksid=XXXXXXXXXXXXXXXXX. Kopéiert Iech dësen Link an eng Mail an schéckt Iech en op d'Aarbeschtsplaatz oder maacht en einfach soss op all Computer op, wou dir dei selwescht Eegen Linken am START.LU wëllt benotzen.
Méng Linken sin fort, waat kann ech maachen ?Am Moment gët et leider keng Méiglechkeet fier d'Eegen Linken ze retten, wann Dir Iech net deen perséinlechen Link (ënnen bei "Bookmark") verhaalen hud. D'Éegen Linken verschwannen zum Beispill dann, wann Dir Är Cookien löscht.
Weider Personalséierung
Bei all Katégorie vun Linken an bei all Noriichten as an der Titelzeil een rout Kräiz, mat deem dir kënnt dei Kategorie/Neiegkéeten verstoppen fier een besseren Iwwerbléck iwwert den Rescht ze kreien. Verstoppten Kategorien/Neiegkeeten fannt dir emmer nach ganz ennen an der selweschter Kolonne. Do könnt Dir se och rem siichtbar maachen.